Zu engem Thema goen

Lescht Iwwerpréiwung: 31/03/2021

1. Aleedung

Am deontologesche Kodex gi mir méi déif op d'Wäerter an d'Verhalensreegele vun Hoplr an. Si leien un der Basis vun all Decisioun am Zesummenhang mam Community-Support.

Dës Verhalensreegele gëllen als Virschrëfte souwuel fir d'Benotzer vun Hoplr wéi och fir d'Community-Manager. Si beschreiwen engersäits eis Erwaardungen u d'Benotzung vum Noperschaftsreseau an anerersäits eis standardiséiert Reaktioun op bestëmmt Virfäll. Den deontologesche Kodex ass mat anere Wierder eng Erweiderung vum Manifest an den Hausreegele vun Hoplr.

Doriwwer eraus kommen e puer vun dëse Reegelen an de Benotzungsbedéngungen an an der Richtlinn fir Verstéiss vun Hoplr erëm. Mir notzen d'Geleeënheet, fir se esou kloer a kuerz wéi méiglech z'erklären.

Zum Schluss beäntwere mir e puer dacks gestallte Froen. Zousätzlech Informatioune kënnen iwwer support@hoplr.com ugefrot ginn.

2. D'Wäerter vun Hoplr

All Decisiounen am Beräich vun der Community-Entwécklung – mee genee esou d'Entwécklung vun der Plattform an d'Firmestrategie – loosse sech op eng Rei Wäerter zeréckféieren. Dës sinn enk mam Manifest vun Hoplr verbonnen. Dir kënnt et hei consultéieren. Eis Wäerter si Verantwortung, Objektivitéit a Konstruktivitéit.

Verantwortung

Hoplr huet eng Verantwortung vis-à-vis vu mëttlerweil méi wéi enger hallwer Millioun Benotzer a ronn zweehonnert lokalen Autoritéiten an Organisatiounen aus dem ëffentleche Secteur. Mir si eis dofir permanent eisen Impakt souwuel op den Eenzelne wéi och op d'Gemeinschaft bewosst. Dobäi wëlle mir dräi Punkten ervirhiewen.

Dateschutz a Sécherheet

All Partei, déi perséinlech Donnéeë kritt, huet eng grouss Verantwortung vis-à-vis vun hire Benotzer. Engersäits muss eng Firma Choixen treffen, déi mat hire Wäerter iwwereneestëmmen. Esou entscheet Hoplr sech dofir, kee Reklammemodell ze benotzen. Doduerch wäerte mir ni perséinlech Donnéeë weiderverkafen oder un Drëtte weiderginn. Liest hei méi iwwer eist Geschäftsmodell.

Anerersäits muss ee sech méiglecher Verletzunge bewosst sinn. D'Absicht, perséinlech Donnéeën ze schützen, ka jo do sinn, mee et däerf ee net dovun ausgoen, datt alles onduerchdréngbar ass. Liest hei méi iwwer eis Efforten, fir Hoplr sécher ze halen.

Sozialen Impakt

Wat sech bannent der Hoplr-Noperschaft ofspillt, huet en Impakt op déi physesch Noperschaft. Esou wëlle mir et och. Hoplr huet nämlech d'Potenzial, Leit zesummenzebréngen an ze engagéieren.

Dës Medail huet awer och eng Kéiersäit. Wann een online ausgeschloss gëtt, kann dat Konsequenze fir seng Plaz an der lokaler Gemeinschaft an domat fir säi Privatliewen hunn. Et ass eis Verantwortung, doriwwer nozedenken a keng iwwerstierzt Aktioun ze ënnerhuelen.

Wëssen, wat eis Verantwortung net ass

Wann Benotzer aner Hoplr-Nopere mellen oder e Problem per Mail uschwätzen, kënnt dat bei eis Community-Manager. Si si verantwortlech fir d'Gesondheet vun den Hoplr-Gemeinschaften a mussen dofir agräifen, wann déi a Gefor ass.

Community-Manager sinn awer keng Noperschaftsaarbechter oder Quartierspolizisten. Hinne feelen de Kontext an den Hannergrond, an dofir mësche si sech net a lokal Problemer, Nopeschstreidereien oder perséinlech Feeden an. Eis Experte kënnen op Ufro vu lokalen Autoritéiten zougezu ginn.

Objektivitéit

Op Hoplr ass Plaz fir Leit vun all Alter, Hierkonft, Meenung, Glawensiwwerzeegung, sexueller Orientéierung, Sprooch,... Mir kënnen eise Benotzer dee Raum nëmmen da bidden, wa mir selwer objektiv bleiwen.

Community-Management

Wat de Support ugeet, heescht dat, datt d'Community-Manager Meldungen aus verschiddene Perspektiven ugoen an dobäi déi méiglech Konsequenzen ofschätzen. Wann eng Entscheedung muss getraff ginn, ob agegraff gëtt oder net, baséiere si sech op d'Hausreegelen, d'Manifest an den deontologesche Kodex vun Hoplr.

Onofhängegkeet

Hoplr entscheet sech ëmmer fir strategesch Partner mat enger laangfristeger Visioun. Dat erlaabt eis, de gesellschaftleche Kurs vun Hoplr autonom weiderzeféieren.

De Schutz vu perséinlechen Donnéeën an d'Interessi vun der lokaler Gemeinschaft stinn ëmmer un éischter Plaz, och wat eis Déngschtleeschtungen an eist Reporting u Clienten ugeet. Dëst ass ëmmer anonymiséiert an aggregéiert.

Konstruktivitéit

D'Gesondheet an d'Serenitéit vun den Hoplr-Noperschafte stinn bei eis am Mëttelpunkt. Dofir stelle mir d'Interessi vun der Gemeinschaft am Allgemengen iwwer de Wonsch vum Eenzelnen. Inhalter, déi net op eng positiv Aart a Weis zur Noperschaft bäidroen, hunn dofir keng Plaz op Hoplr.

Messagen, déi fir Verbitterung suergen, ginn ewechgeholl. Verschidde Leit kënnen dat als Zensur empfannen. Et gëtt awer genuch Raum, fir Problemer unzeschwätzen, soulaang dat op eng konstruktiv a sereen Aart a Weis geschitt. Dat erhéicht och d'Chance, datt d'Diskussioun zu enger Beräicherung vun der Noperschaft féiert.

Anerersäits ass e positive Bäitrag séier gemaach. Messagen iwwer Kazen, déi sech verlaf hunn, schénge fir e puer Leit nëtzlos, mee si droen awer wierklech zur Bildung vun der Identitéit vun der Noperschaft an zum lokale Gemeinschaftsgefill bäi.

Et ass mat anere Wierder e schmuele Grat. Wat an enger Noperschaft fir Engagement suergt, suergt an enger anerer fir Verbitterung. Dofir baséiere mir eis a ville Fäll op d'Signal, dat d'Noperschaft gëtt. Esou gräife mir bei méi Meldunge meeschtens an. Änlech Messagë kënnen doduerch an enger Noperschaft ewechgeholl ginn, während se an enger anerer stoe bleiwen.

3. Hausreegelen

D'Hausreegele sollten all eis Benotzer mindestens eemol gelies hunn. Si déngen als Richtlinnen, fir d'Noperschaften agreabel ze halen. Dat bedeit, datt eis Community-Manager a Benotzer dorop zeréckgräife kënnen, wa se e Message an der Noperschaft als stéierend empfannen.

Gläichzäiteg bedeit et, datt d'Hausreegele keng Gesetzer sinn. Wann Noperen e Message, deen géint d'Hausreegele verstéisst, net als stéierend empfannen, muss also net automatesch agegraff ginn. Hoplr behält sech ëmmer d'Recht vir, e Profil oder e Message ewechzehuelen oder net. Hei drënner gi mir zu jidderenger vun de fënnef Hausreegelen eng kuerz Erklärung.

Respektéiert Är Noperen

Diskriminéierend a beleidegend Messagë ginn op Hoplr net toleréiert.

Messagë mat grober Sprooch, Mobbing oder onpassenden Inhalter, Messagen, déi zum Haass ophëtzen oder onnéideg bestëmmt Gruppe viséieren, sinn op Hoplr net wëllkomm.

Sidd hëllefsbereet

Hëlleft Ären Noperen, wou et méiglech ass, an drot esou zu enger méi suergsamer Noperschaft bäi.

Mir vertrauen drop, datt all Benotzer eng inklusiv a waarm Noperschaft wëllen, an datt se sech och dono behuelen. Mat dëser Hausreegel wëlle mir ënnersträichen, datt Ufroe fir Hëllef an Iddien hei eng Plaz hunn, ouni datt et Angscht muss ginn/Plaz ass fir Veruerteelung oder Spott.

Benotzt Hoplr net als Reklammeschëld

Är Firma oder Äre Veräin kuerz virzestellen ass ok, mee haalt et a Grenzen. Dacks Schnäppchen, Witzer oder politesch Messagen ze posten ass net erlaabt.

Hoplr ass fräi vu formeller wéi och informeller Reklamm. Andeems mir hei streng sinn, verhënnere mir, datt de Reseau vun nervege Reklammemessagen iwwerschwemmt gëtt. D'Grenz tëscht deem, wat Reklamm ass a wat net, gëtt duerch d'Relevanz fir d'Noperschaft festgeluecht. Iech virstellen an dobäi ernimmen, datt Dir e lokale Geschäftsmann sidd? Dat geet. Ëmmer erëm Messagë posten, déi genee esou gutt op enger Plattform stoe kéinten, déi net op d'Noperschaft ausgeriicht ass, net.

Haalt den Dialog sënnvoll

Hoplr ass keng Klagemauer. Problemer kënnen diskutéiert ginn, mee bleift frëndlech, ziviliséiert a konstruktiv.

Mir ginn dovun aus, datt wann Benotzer Problemer an der Noperschaft uschwätzen, si dat maachen, well se d'Noperschaft éierlech verbessere wëllen. Dat geet just, wann ee respektvoll ass a bei de Fakte bleift. Mam Fanger op aner weisen, schëllen an ëmmer erëm op datselwecht poche féiert zu Verbitterung, net zu enger Léisung.

Benotzt Är richteg Identitéit

Hoplr-Noperschafte baséieren op Vertrauen. Mir froen d'Benotzer, hiren echten Numm a Virnumm ze benotzen. Eng erkennbar Profilfoto gëtt geschätzt.

Erkennbarkeet ass entscheedend fir en echten Impakt op d'Gemeinschaftsgefill. Fir d'éischt suergt se fir géigesäitegt Vertrauen, wat wichteg ass, fir Hëllef ubidden oder unhuelen ze wëllen. Zweetens fërdert Erkennbarkeet den Austausch tëscht digitalen an net-digitale Kontakter. Drëttens suergt Erkennbarkeet online dofir, datt ee besser oppasst, wat ee seet, wat géint Verbitterung hëlleft.

4. Agräifen

D'Community-Manager vun Hoplr iwwerwaachen d'Gesondheet vun den Online-Noperschaften. Wann een oder méi Benotzer an enger Noperschaft e Verhalen weisen, dat d'Gesondheet a Gefor bréngt, gräife si an. D'Community-Manager schaffe fir Hoplr. Si hunn e Gespier fir den Noperschaftsreseau a fir sozial Froen, wéi zum Beispill Gruppendynamik. Dobäi gi si vun engem interne Community-Management-Tool an den dozougehéierege Prozeduren ënnerstëtzt.

D'Aktioun, déi d'Community-Manager ënnerhuelen, hänkt ënner anerem vun der Aart, der Gravitéit an der Absicht vum Verhalen of, mee sécher och vun de (méiglechen) Konsequenze fir d'Noperschaft. Mir halen eis esou vill wéi méiglech un eng fest Politik. Dacks ass Community-Management awer net schwaarz-wäiss. Andeems mir transparent iwwer dës Politik sinn, hoffe mir op méi Verständnis, wa mir agräifen (oder net).

Registréierung vun engem Verstouss

Verstéiss kënnen op dräi Manéieren erfaasst ginn.

  • Een oder méi Benotzer mellen e Message oder e Profil anonym
  • Een oder méi Benotzer informéieren eis per Mail
  • Eise System registréiert automatesch Mëssbrauch, wat souguer zu enger direkter Spär vun engem Kont féiere kann

De Community-Manager beurteelt

Op Basis vun de Benotzungsbedéngungen, den Hausreegelen, dem deontologesche Kodex an de Besonneschkeete vum Virfall beurteelt de Community-Manager, wat eng ubruecht Aktioun ass. Dat hänkt ënner anerem dovun of, ob de Problem perséinlech oder noperschaftsbezunn ass.

Selbstverständlech kann de Community-Manager och zur Conclusioun kommen, datt et sech net wierklech ëm e Problem handelt. Oder hie kann decidéieren, datt net agräifen zum beschte Resultat féiert. An deem Fall ënnerhëlt hie keng Aktioun.

Aktioune bei engem perséinleche Problem

E perséinleche Problem bedeit, datt ee Benotzer e problematescht Verhalen weist, dat fir (en Deel vun) der Hoplr-Noperschaft stéierend ka sinn. Jee no dem erwaarte Resultat ënnerhëlt e Community-Manager keng, eng oder méi vun den Aktiounen hei drënner.

  • Message(en) oder Kommentar(er) ewechhuelen
  • Sensibiliséierung per Mail
  • Temporär Spär
  • Permanent Spär

D'Sensibiliséierung per Mail ass ëmmer déi éischt Aktioun. Bei neie Verstéiss gräife mir zu enger temporärer Spär. Wann de betraffene Benotzer no zwou Wochen erëm Zougang freet an duerno nach eng Kéier e Verstouss begeet, follegt schlussendlech eng permanent Spär.

Stéierend Kommentarer oder Messagë ginn ewechgeholl. Doriwwer eraus ginn déi Agrëffer hei uewen ëmmer mat enger Mail eenhier, fir de betraffene Benotzer z'informéieren. Et gëtt Ausname vun dësem gestaffelten Agräifen, zum Beispill wann et ëm e schwéiere Verstouss geet (wéi Diskriminatioun, Dreeungen oder d'Benotze vun engem falsche Profil).

Aktioune bei engem noperschaftsbezunnene Problem

Bei engem noperschaftsbezunnene Problem si méi Benotzer bedeelegt. Dat ka bei enger Diskussioun sinn, déi aus dem Rudder gelaf ass, oder wann d'Noperschaft d'Plattform net optimal benotzt. Jee no dem erwaarte Resultat ënnerhëlt e Community-Manager keng, eng oder méi vun den Aktiounen hei drënner.

  • Kommentarer bei Message(en) zoumaachen
  • Message(en) oder Kommentar(er) ewechhuelen
  • Sensibiliséierung per Mail
  • Sensibiliséierung an der Noperschaft mat engem externe Message
  • Temporär Spär vun engem oder méi Profiller
  • Permanent Spär vun engem oder méi Profiller
  • Bäizéie vun engem noperschaftsverbindende Profil

Och wann et ëm en noperschaftsbezunnene Problem geet, loosse sech dacks e puer Schlësselfiguren identifizéieren. An dësem Fall geet et dacks ëm Verbitterung. Esou Situatiounen huele mir dofir och als méi perséinlech Problemer un, mat oder ouni externe Message an der Noperschaft.

Bei aneren noperschaftsbezunnene Problemer kucke mir all Fall eenzel. Heiansdo musse mir feststellen, datt eis Community-Manager net déi richteg Partei sinn, fir anzegräifen. An deem Fall kënne mir en noperschaftsverbindende Profil bäizéien (eisen Expert oder een, deen un d'Stad oder d'Gemeng gebonnen ass).

5. Benotzungsbedéngungen a Richtlinn fir Verstéiss

Eis Wäerter an Hausreegele ginn en Abléck an d'Standpunkten, aus deenen eraus mir handelen. Si sinn ausserdeem Richtlinne fir d'Benotzung vum Noperschaftsreseau. Op Hoplr gëllen awer och eng Rei Gesetzer, respektiv Bedéngungen, déi net interpretéierbar sinn. Och dës féieren zu (méi strenge) Sanktiounen. Virun allem d'Benotzungsbedéngungen an d'Richtlinn fir Verstéiss vun Hoplr sinn hei interessant ze zitéieren. Hei drënner setze mir déi wichtegst Punkten an eng zougänglech, kloer Sprooch ëm.

Benotzungsbedéngungen

Déi Bedéngungen hei drënner ginn automatesch vun alle Benotzer vun Hoplr akzeptéiert. Hoplr haft dofir net fir Konsequenze vu Verstéiss géint dës Bedéngungen.

  1. Dir däerft Äert Passwuert net mat aneren deelen an Dir sidd selwer dofir verantwortlech, Äert Passwuert sécher ze halen.
  2. Mir ginn dofir dovun aus, datt dat, wat iwwer Ären Hoplr-Kont publizéiert gëtt, tatsächlech vun Iech kënnt.
  3. Wann iergendeen awer Zougang zu Ärem Kont kritt, musst Dir eis direkt informéieren.
  4. Dir däerft Iech keen Zougang zum Hoplr-Kont vun engem anere Benotzer verschafen.
  5. Dir däerft keng Donnéeën (Messagen, Fotoen,...) vun anere Benotzer ëffentlech deelen, a scho guer keng perséinlech Donnéeën.
  6. Dir däerft Äre Kont fir keng Form vu Bedruch oder Verstouss benotzen, wéi: illegal Aktivitéiten ausüben oder fërderen, Bedruch begoen, Rechter (dorënner Auteursrechter) verletzen, Vire verbreeden,...
  7. Dir däerft d'Moossnamen, déi Hoplr fir de Schutz an d'Sécherheet vum Reseau an den Donnéeën uwennt, net ëmgoen (oder dat probéieren).

Richtlinn fir Verstéiss

Wann Dir géint déi Bedéngungen hei uewen oder aner Bedéngungen verstousst, oder wann Dir Verstéiss vereinfacht oder fërdert, kënne mir eng oder e puer vun den Aktiounen hei drënner ënnerhuelen. Als Besëtzer vum Noperschaftsreseau däerfe mir dës Sanktioune bei Verstéiss uwenden, wéi mir et fir ubruecht halen.

  • De Kont temporär oder permanent spären, änneren oder läschen.
  • Déi dozougehéiereg Donnéeën temporär oder permanent läschen.
  • Bestëmmt Donnéeën fir d'Ëffentlechkeet onzougänglech maachen.
  • Geriichtlech Schrëtt ënnerhuelen.

6. FAQ

Hei drënner deele mir eis Usiicht zu enger Rei Saachen, mat deenen d'Community-Manager reegelméisseg ze dinn hunn an op déi et op den éischte Bléck keng eendeiteg Äntwert gëtt. Wéi mir uewe gesot hunn, riichte mir eis awer, wann et drëm geet, ob mir agräifen oder net, meeschtens nom Signal, dat d'Noperschaft eis gëtt.

Ass Politik op Hoplr erlaabt?

Politik ass e breede Begrëff. D'Äntwert hänkt also dovun of, wat Dir als Politik betruecht. Et gëtt absolut Raum, fir zesummen iwwer lokal Froen nozedenken. Esou gëtt et och Funktioune fir Biergerbedeelegung a fir d'Kommunikatioun mat der lokaler Autoritéit.

Eis Hausreegele bréngen awer e puer wichteg Aschränkunge mat sech, déi kee Raum fir Parteipolitik oder net-konstruktiv Diskussioune loossen.

  • Benotzt Hoplr net als Reklammeschëld. Dat heescht och, datt Selbstpromotioun a Promotioun vu politesche Parteien op Hoplr net zoulässeg sinn. Postt aus deem Grond keng Messagen, Firmen, Aktivitéiten oder Biller fir d'Promotioun vun enger politescher Partei oder Persoun.
  • Respektéiert Är Noperen. Diskriminatioun an onpassend Sprooch ginn net toleréiert, egal ëm wéi en Thema et geet. Och Verleumdung oder perséinlech Attacken op ëffentlech oder politesch Persounen ginn net toleréiert.
  • Haalt den Dialog sënnvoll. Wann e bestëmmt Thema ze dacks erëmkënnt, ouni datt et eng konstruktiv Diskussioun gëtt, gëtt agegraff.

Si Schnäppchen op Hoplr erlaabt?

U sech ass näischt schlecht u Schnäppchen. Mir verstinn, datt ee léiwer en Noper mat engem Second-Hand-Artikel eng Freed mécht wéi e Friemen. Ausserdeem féiert et zu enger physescher Begéinung tëscht Noperen, wat mir nëmmen encouragéiere kënnen.

D'Gefor ass awer, datt e puer Schnäppchen zu ville Schnäppchen féieren. Esou gëtt d'Hoplr-Noperschaft am Handëmdréinen iwwerschwemmt vu Messagen, déi just fir wéineg Leit relevant sinn. Dat wëlle mir verhënneren, andeems mir just Saachen, déi verschenkt ginn, an nëmme ganz sporadesch Schnäppchen zouloossen.

Wa mir gesinn, datt eng Noperschaft awer iwwerschwemmt gëtt, oder wann d'Noperen signaliséieren, datt d'Messagë stéieren, kënne mir nach ëmmer mat engem externe Message matdeelen, datt Schnäppchen net méi erlaabt sinn. Dat maache mir ëmmer, fir d'Noperschaftsgefill ze schützen.

A wéi enger Sprooch däerf een op Hoplr kommunizéieren?

Hoplr ass op Hollännesch, Franséisch an Englesch disponibel. Iwwer d'Kontastellunge kënnt Dir Är Sproochepräferenz änneren. Wat bedeit dat fir d'Kommunikatioun op oder vun Hoplr?

  • Hoplr ass en onofhängege Facilitator vun der Noperschaftskommunikatioun. D'Hoplr-Team an eis Benotzer si also fräi, déi Sprooch ze benotzen, déi si wëllen (mat raisonnabelen Ausnamen).
  • Hoplr huet international Ambitiounen. Als onofhängeg Organisatioun behale mir eis d'Recht vir, d'Plattform an iergendenger Sprooch unzebidden.
  • D'Mailen an d'Notifikatiounen, déi Dir vun Hoplr kritt, hänke vun de Sproochastellunge vun Ärem Profil of. Dës Sprooch gëtt am Ufank vun Ärem Browser oder Apparat iwwerholl.
  • Ëffentlech Autoritéite benotzen Hoplr als eng vun hire ville Kommunikatiounsplattformen. Si selwer ënnerleien der Sproochegesetzgebung* , duerch déi se verflicht sinn, an enger bestëmmter Sprooch ze kommunizéieren.

*D'Gesetz iwwer d'Benotzung vun de Sproochen a Verwaltungsaffären schreift vir, datt belsch ëffentlech Autoritéite gesetzlech verflicht sinn, an enger bestëmmter Landessprooch (oder a bestëmmte Landessproochen) ze kommunizéieren, souwuel intern wéi och mat de Bierger. Dës Sprooch ass territorial festgeluecht.

Eng Fro zur Benotzung vun Hoplr?

Vun der Umeldung bis zum Ännere vun Ärem Profil: am Hëllefzenter weise mir Iech, wéi et geet.

Zum Hëllefzenter